Rafael Disney
Am Laf vun de ville Joren wou et de Wonschstär elo scho gëtt huet eis d’Schicksal vum klenge Rafael immens beréiert. Hien ass e puer Joer no senger Gebuert un enger extrem seelener genetescher Krankheet, déi sech Progeria nennt, erkrankt. Dës Krankheet léisst säi Kierper immens schnell alteren a reduzéiert seng Liewenserwaardung drastesch. No enger Ufro vu […]
Europapark
E jonkt Meedchen huet en Ticket fir an den Europapark gewonn an eis dëse fir e Wonsch zur Verfügung gestallt. Doropshin hu mir 3 weider Ticketen kaf an 2 sozial benodeelegt Famillen en Trip op Rust organiseiert. Nodeems den initialen Organisateur den Ausfluch kurzfristig annuleiert huet well leider net genuch Läit ugemellt waren, sinn déi […]
CDM Skivakanz
Am Mäerz hu mir 9 Kanner (Viva, Liv, Tyler, Elena, Anil, Lyo, Atawy, Ben an Rafael) mat schwéiere Behënnerungen zesumme mat hiren 9 Educateuren (1 zu 1 Betreiung) fir 1 Woch an d’Skivakanz op Les Saisies/Hauteluce geschéckt! An dësen Deeg konnt de ganze Grupp sech genial gutt amüséieren a ganz flott Erennerunge sammelen. Dobäi war […]
Nasulina
Et gëtt näischt méi Schéines wéi e gudde Frëndeskrees! Schonn d‘lescht Joer goufe mir vun enger Fra kontaktéiert, déi eis vun engem Wonsch erzielt huet. Dobäi geet et net em hiren eegenen mee em deen vun hirer gudder Frëndin dem Nasulina. Zanter enger Zäitchen ass d‘Nasulina ganz schwéier krank an huet immens vill ze kämpfen. […]
Angelo
Duerch säin Autismus huet den Angelo eng grouss Passioun fir bekannt Persounen entwéckelt a konnt sech a sengem Liewe scho mat ville Staren knippse loossen. Mat Hëllëf vun eise Kontakter war et eis méiglech am Kader vum Münchner Oktoberfest vun der perfekter Geleeënheet ze profitéieren an him säi Wonsch vun engem Treffen mam Sarah Brandner […]
Togo
Wann ee mateneen schaft dann ass villes méiglech! Dëst Motto hu mir eis bei engem vun eise leschte Projeten zu Häerz geholl a konnten e schéine Wonsch realiséieren. Zesumme mat enger Assistante sociale aus dem CHL an der Wonschkutsch asbl hu mir enger Patientin hiren gréissten Draam erfëllt. No laange medizinesche Prozeduren a ville schwéiere […]
Phantasialand
D’Equipe pédagogique aus enger Betreit Wunnen Struktur wollt hirem ganze Grupp Jugendlecher emol eng kleng Ofwiesslung bidden a mat hinnen e klengen Ausflug an d’Phantasialand ennerhuelen. Well si awer finanziell limitéiert sinn an esou Fräizäit Excursiounen leider net kënne selwer stemmen, hu si de Wonschstär em Ënnerstëtzung gefrot fir dëse Part ze iwwerhuelen. Ganz gäre […]
Plun
Mir sinn zréck vun der hollänescher Plage a wat war dat schéin. Op Initiativ vun der Spillkëscht Sandweiler konnte mir d’Méiglechkeet notzen den Här Plun op senger klenger Rees op Noordwijk ze ënnerstëtzen a mir freeën eis, dass hien mat senger Famill eng wonnerschéin Zäit erliewe konnt. Dem Här Plun säin Alldag ass leider immens […]
Lyo
E ganz besonnesche Wonsch hu mir an de leschten Deeg erfëllt. De klenge Lyo huet 8 Joer an hien ass direkt no senger Gebuert krank ginn an huet doduerch eng schwéier Behënnerung zréck behal. Seng Mam, déi hien am Alldag op Schrëtt an Trëtt begleet an hiert Bescht mëscht fir hire Bouf ze ënnerstëtzen, huet eis vun […]
Adriano
De léiwen Adriano huet sech näischt méi gewënscht wéi emol eng Visite am Disneyland ze ennerhuelen. Natirlech ware mir direkt begeeschtert fir him säi Wonsch ze erfëllen an him e flotten Ausfluch ze erméiglechen. Wéi dir sou schéin op de Fotoen gesidd huet den Adriano mat senger Mamm ganz vill op senger Rees erliewt. Hien […]