Korsika
De Summer ass bekanntlech Vakanzenzäit an déi schéinste Period fir ze reesen. Dovu wollten och e ganze Grupp Kanner aus dem Kannerhaus Jonglënster profitéieren a sech op d‘Rees an de Süde maachen. Vill Destinatiounen um Mëttelmier waren an der Verlousung an no laangem Brainstorming hunn si sech, zesumme mat hire Betreien, déi wonnerschéi franséisch Insel […]
Maxence
Eemol e Concert vu senger Liblingssängerin live gesinn an se duerno kuerz treffen, dëst ass a bléift fir vill Läit e grousse Wonsch. Fir de Maxence ass dee Wonsch viru kuerzem an Erfëllung gaangen! Duerch d’Hëllef vum Här Jean Müller war et eis méiglech dem Maxence e Meet and Greet Ticket fir de Concert vum […]
Zayon Disney
Den Zayon ass e klenge Bouf vu 5 Joer dee vill ze fréi op d’Welt komm ass. Dës fréi Gebuert huet leider dozou gefouert, dass hien eng schwéier kierperlech Lämung zréck behalen huet. Doduerch kann hien net goen an och net schwätzen, mee e versteet awer villes. Et gëtt eppes wat eng ganz enorm Begeeschterung […]
Gamma
E weidere ganz interessante Wonsch hu mir vun de Scoute vu Gamma Lëtzebuerg era kritt. Hei handelt et sech net em gewéinlech Scoute, mee em e besonnesche Grupp. Bei Gamma Lëtzebuerg sinn nämlech nëmmen Scoute mat enger geeschteger oder kierperlecher Beeinträchtegung aktiv. D’Zil vu Gamma Lëtzebuerg ass et dës Mënsch duerch de Scoutismus aus hirem […]
Pasquale
Nach ee mol live am Stadion dobäi sinn wann de Lieblingsveräin spillt, dat war dem Pasquale säi grousse Wonsch! Zesumme mat senger Famill hu mir hien op Mailand geschéckt an him d’Méiglechkeet ginn am Giuseppe-Meazza seng “I Nerazzuri” ze ënnerstëtzen. Seng Ekipp huet hien och net am Stach gelooss an hunn Atalanta Bergamo mat 4-0 […]
CDM Äispist
De CDM ass firun enger Zäitchen mat enger flotter Demande un eis eru getrueden. Si haten déi schéin Idee mat engem Grupp Kanner am Rollstull op d‘Kockelscheier Schlittschong fueren ze goen. Esou e geniale Wonsch kënne mir natirlech nëmmen ënnerstëtzen an hunn eis entscheed hinnen d‘Äispist fir e puer Stonnen iwwert eng gewëssen Zäitspaan ze […]
Clément
Esou wéi lescht Joer war de Spektakel „Les enfoirés” zu Bordeaux séier ausverkaf. Nodeems mir 2023 keng Chance haaten, ass et eis dëst Joer glécklecherweis gelongen Ticketen ze kréien. Endlech war et eis méiglech dem Clément säi Wonsch ze erfëllen an him eng ganz grouss Freed ze maachen. Zesumme mat sengen Elteren huet hien sech […]
Wantermaart
Elo kuerz virun de Feierdeeg wëlle mir Iech vun engem klenge Wonsch erzielen, dee mir an de leschten Deeg erfëllt hunn. Zesumme mat 5 Gruppe Réfugiéskanner si mir an d’Stad op de Wantermaart gaangen wou si e puer flott Momenter erliewe konnten. Op um Karussell, op der Äispist oder bei enger leckerer Portioun Fritten an […]
Eric
Den Eric ass leidenschaftleche Hobby Photograf an deemno emmer op der Sich no engem flotte Motiv fir viru seng Lëns. Trotz senger schwéierer rarer degenerativer Krankheet léisst hien sech net kleng kréien a liewt fir seng Passioun. Et gouf eppes wat hien sech scho ganz laang wënscht, emol d’Brunftzeit vun den Hirschen materliewen an e puer Fotoen […]
Chloé
Eng alleng erzéiend Mamm huet eis kontaktéiert an eis gebied hirem autistesche Meedchen eng kleng Vakanz ze erméiglechen. No enger traumatescher Scheedung huet d’Mamm hir Aarbecht missen opginn fir sech ganz em hirt Meedchen ze bekëmmeren. D’Chloé huet mëttlerweil 15 Joer a besicht eng Inklusioun’s Classe am Lycée Michel Lucius um Lampertsbierg. No der Ufro […]