Lara a Morgane

No hire leschten Delfintherapië waren d‘Lara, d‘Morgane an hir Elteren esou begeeschtert, dass si ons gefrot hunn ob mir hinnen eng weider Kéier hëllefe kënnen. Mir hunn eis no de Gespréicher mat den Elteren entscheet dës Wënsch ze erfëllen an doropshin hunn si sech zesummen op de Wee an d‘Tierkei gemaach. Dës Kéier waren si […]

Lyo Delfintherapie

Virun e puer Joer huet sech de Lyo nach gewënscht an de kalen Norden ze goen an elo huet hien eis gefrot fir him bei enger klenger Rees Richtung Süden ze hëllefen. Dës Rees war awer nët nëmmen en Ausflug an d’Sonn, mee wéi och schonn epuer aner Kanner, wollt hien emol un enger Delfintherapie […]

Kiara

E Projet dee mir schonn iwwert Joeren ënnerstëtze, si Reittherapien fir Jugendlecher mat ganz ënnerscheedleche Geschichten. Bei esou enger Reittherapie léieren si, sou wéi hei um Beispill vum Kiara, mat de Päerd emzegoen, Verantwortung ze iwwerhuelen a sech em si ze këmmeren. Esou entsteet tëschend hinnen an de Päerd oft eng ganz déif Relatioun a […]

Bronka

D’Bronka ass e klengt Meedche bei deem virun enger Zeitchen eng Form vun Autismus diagnostizéiert gouf. Nodeems seng Elteren vill verschidden Aktivitéite a Sportarte ausprobéiert hunn, awer d’Bronka sech néirens sou richteg wuelgefillt huet an ukomm ass, hu si et mol beim Leederwon probéiert. Do ass et och wou mir d’Bronka kenne geléiert hunn a […]

Maksym an Enei

Och de Maksym an den Enei haate viru kuerzem d‘Geleeënheet bis an d‘Tierkei ze reesen wou och si eng Delfintherapie konnte maachen. Zesumme mat hiren Elteren hunn dei zwee Bridder, déi a fréiem Alter mat Autismus diagnostizéiert goufen, 10 Deeg am Süden verbruecht. Am Waasser mat den Delfinen an och donierft huet op si e […]

Morgane a Lara

Zesummen hu sech d’Lara an d’Morgane mat hiren Elteren mam Fliger op de Wee an d’Tierkei gemaach. Ee mol dohannen gelant sinn si direkt a Richtung Zil wieder gefuer. Wouhin ass d’Rees gaangen? Déi zwee waren 10 Deeg laang am Delfintherapiezentrum op Besuch, wou si nieft villen aneren Aktivitéiten, konnte mat Delfinen schwammen. Nodeems d’Lara (Angelmann Syndrom) […]

Päerdsführerschäin

E ganz spezielle Wonsch hu mir an de leschte Wochen engem Grupp vu Kanner am Alter tëschent 8 a 14 Joer erfëllt. Si alleguer sinn am Kannerhaus Grevenmacher a ginn reegelméisseg op Betzder bei de Leederwon fir sech do em d’Päerd ze këmmeren. De Leederwon huet sech Gedanke gemaach an huet d’Konzept vun engem « […]

Lyo 2

De Kleesschen ass och bis bei de Lyo komm an huet him e klenge Kaddo laanscht bruecht. De Lyo freet sech iwwer säin neien Therapie Büro deen extra op seng speziell Bedierfnisser adaptéiert ginn ass. E grousse Merci un d’Famill Scheider-Godart, de Weber Paul, den Tock Marc an d’ Marie-Louise Groffilier a jiddereen deen eis […]

CDM

Mir sinn vum Centre pour le développement moteur kontaktéiert ginn a goufen em Ennerstëtzung gefrot. Well si schonn an der Vergaangenheet ganz vill positiv Erfarunge beim Leederwon zu Betzder sammele konnten, wollte si mat engem neie Grupp vu 6 Kanner vun dëse besonneschen Aktivitéiten profitéieren. Mat grousser Freed si mir hirem Wonsch entgéint komm an […]

Delfintherapie

No ganz gudde Fortschrëtter bei hiren éischten Erfarungen mat enger Delfintherapie hu mir d’Lara an d’Ines eng weider Kéier ënnerstëtzt fir un esou enger Therapie deel ze huelen. Déi Zwee konnten och des Kéier souwäit et méiglech war vun hirer Chance profitéieren an hunn all Moment mat den Delfinen am Baseng genoss. An och ausserhalb […]