Zayon Gravity Chair
Den Zayon mat deem mir rezent e klengen Ausflug an d’Disneyland gemaach hunn, huet eis nach emol em Hëllef gefrot. Des Kéier wollt hien awer keen Ausfluch maache mee seng Mamm huet eis gezielt wéi schwéier dem Zayon seng alldeeglech Betreiung ass a wéi e Gravity chair hir Aarbecht erliichtere géif. An der Vergaangenheet hu […]
Romain
De Romain huet eng grouss Leidenschaft a sengem Liewen wei en eis erzielt huet. Trotz senger Behennerung geet hien immens gäre mat senger Madame op Wanderung. Bis elo waren duerch säin Handicap emmer nëmmen kleng Tier op hirer Agenda. Aanescht wéi seng Fra haat hien nach keng Assistenz. Dëst huet secher awer elo duerch eis […]
Vélos Evasion
D’Association Vélos Evasion vu Baschtnech huet sech mat eis a Kontakt gesat fir eis vun hirem Projet ze erzielen an eis em Ennerstëtzung ze froen. Als Velosfrënn hu si sech zesumme gesat mam Zil géint dat sozialt Isolement vu Läit mat Behënnerung ze kämpfen. Dobäi si si op déi flott Idee komm, reegelméisseg Vëlostier ze […]
Elian a Johan
Och kleng Wënsch sinn dawaert erfëllt ze ginn! Den Elian a säi Brudder de Johan hunn zesumme mat hirer Famill hir Heemecht Kolumbien misse verloossen an hunn de Statut vum Réfugié. Déi zwee Jongen hu schonn a jonke Joere gréisser Problemer mat hiren Aen an den Elian huet um Wee op Lëtzebuerg säi Brëll verluer. […]
Thomas
Den Thomas huet 56 Joer an ass duerch en Accident am Rollstull. Rezent haat hien nach emol immens vill Pech an et koum nach en AVC dobäi. Zesumme mat senger Partnerin hu si eis kontaktéiert an em Ënnerstëtzung gefrot fir sech mat engem elektreschen Rollstull fir all Terrain (segway basis) ze equipéieren. Well eis bewosst […]
Altersheem
Kurz virun de Feierdeeg ware mir an 2 Altersheimer op Besuch an hunn 30 Pensionären, déi ganz seele Visite kréien, iwwerrascht. Et gouf eng kleng Feier fir si organiséiert an si hunn eis e bëssen iwwert hiren Alldag gezielt. Dobäi hu mir vun der Geleeënheet profitéiert jiddereen e bësse kennenzeléieren, hinnen nozelauschteren a vereenzelt Bewunner […]
Chrëschtdag 23
Dës Zäit ass jo dofir bekannt, dass ee soll nach méi un déi Läit denke soll deenen et net esou gutt geet. Dëse Message hu mir eis natirlech un d’Häerz geholl an hunn eng ganz Famill glécklech gemaach! Mir hunn eng élengerzeiend Mamm, déi Kriebs huet an Chimio kritt, an hire Kanner fir Chrëschtdag e […]
Rigobert
Dem Rigobert hu mir an der Vergaangenheet schonn deen een oder anere Wonsch erfëllt. Duerch seng Ganzkierper Querschnittslähmung ass hien am Alldag net nemmen op eng mënschlech Betreiung ugewiesen mee hien brauch och bis elo e komplizéiert Aménagement fir mat sengem Computer ze schaffen. Als sougenannten Tetraplegiker ass een dach des öfteren och sozial isoléiert […]
Carlos
De Wonschstär mëscht och vill fir de Sport am Rollstull ze förderen, well och an där Situatioun ass et wichteg weider aktiv ze bleiwen. De Carlos, dee mir schonn an der Vergangenheet ënnerstëtzt hunn, huet eis kontaktéiert fir him dobäi ze hëllefen säin neien Handbike ze finanzéieren. Mat sengem Enthusiasmus a sengen exzellente Resultater (2. […]
Igor
Den Igor huet 14 Joer an as spastisch gelähmt. Hien huet an senger Schoul (CDM) eisen adapteierte Velo fir Rollstill kennegeléiert a mëscht domat mat grousser Freed vill Ausflich an d’Natur. Dës Freed huet och seng Famill mat kritt an doropshin hu si eis kontaktéiert an eis gefroot ob mir hinnen géinten hëllefen fir dem Igor privat […]