Wheelchairrugby 24
Firun gutt zwou Wochen ass et zu Contern an der Sportshal héich hir gaangen, de Rollstullrugby Tournoi stung erem um Programm. Iwwert de ganze Weekend ware 6 Ekippen voller engagéierte Sportler um Start. Oft si Rollstull aneneen geknuppt an heiansdo ass deen een oder aneren dobäi mat sengem Rollstull emgekippt, mee trotzdem ass weider gekämpft […]
Viviane
Bestuet ginn, eng Hochzäit feieren an e schéinen Dag erliewen! Fir déi meescht Fraen geet dëse Wonsch iergendwann an Erfëllung, mee leider net fir alleguer. Esou deelt och d’Viviane dëst Schicksal an hat huet duerch seng kognitiv Aschränkung onglécklecherweis net déi beschte Viraussetzungen fir e Liewenspartner ze fannen deen him säi Wonsch « Emol eng Braut an engem flotte Brautkleed […]
Armand
Den Armand huet eis kontaktéiert an eis vu sengem groussen Dram erzielt. Als Rollstullfuerer a groussen Tennisenthusiast huet hien sech gewënscht emol mat sengem groussen Idol dem Gilles Müller e bëssen Tennis ze spillen. Wéi den Zoufall et sou wollt si mir gewuer ginn, dass de Gilles Müller zesumme mat der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte an dem Grupp […]
Lise
Happy birthday to you, happy birthday to you,Happy birthday to you LiseHappy birthday to you! Se soen jo et géing ëmmer e Grond gi fir ze feieren mee mir hate viru kuerzem e ganz besonnesche Grond. Dem Lise säin 18te Gebuertsdag stoung virun da Dier! Duerch eng schwéier Krankheet huet d’Lise säit senger Gebuert schonn onendlech vill Operatiounen […]
Wheelchair Rugby 2021
No enger Zwangspaus 2020 hu sech dës Joer erem motivéiert Sportler am Rollstull zu Contern getraff fir beim Rollstullrugby Tournoi mat dobäi ze sinn. Op dëser Mini Editioun waren och Vertrieder aus Däitschland, Holland an der Schwäiz um Start an hunn iwwert zwee Deeg hier bescht Leeschtung op den Terrain bruecht. Mir si stolz e […]
Henri
De léiwen Henri huet eis leider no enger schwéirer Kriibserkrankung an deene leschten Deeg verlooss an esou huet hien scho ganz jonk e schwéiert Schicksal erwëscht. Zesumme mat sengen Elteren konnte mir him awer nach emol eng flott Aventure schenken a mir ware mat him bei de Leederwon op Betzder gefuer wou hie sech konnt e […]
Auberge de jeunesse
La Fondation Wonschstär a aidé une famille qui se trouve actuellement dans une situation sociale difficile. Comme cette famille a été mise en demeure de quitter son appartement et ne pourra s’installer dans son nouveau domicile que dans quelques semaines, elle devra bien entendu trouver un logement ailleurs entre-temps. Comme il est bien sûr impossible […]
Famille K.
Eng Famill op der Sich no engem neien a sécheren Doheem. D’ Associatioun ALAN huet eis kontaktéiert an op déi speziell Situatioun vun enger Famill aus dem Kongo, déi a Lëtzebuerg Sécherheet an hir Zukunft sicht, opmierksam gemaach. Dës Famill war op hirem Wee an de ganze Jore mat immens vill ongeplangten administrativen, juristeschen a politeschen Decisiounen a […]
Stroossen Engelen
Och d’Fondatioun Wonschstär wëll an dëse schwéieren Zäiten hiren Bäitrag dozou bäidroen an ënnerstëtzt d’Stroossenengelen op hirer Missioun deenen ze hëllefen déi et momentan op der Strooss nach méi schwéier hunn. Mir wäerten an der kommender Zäit Méindes, Mëttwochs a Freides Owes dofir suergen, dass eis Matbierger op Iessen a Gedrénks kënnen zeréck gräifen. Mir […]
Chris Photoshooting
De Chris huet trotz sengem schwéiere Schicksal eng enorm Liewensfreed an eng grandios Strahlkraft. Nieft sengem éischte groussen Wonsch, engem Treffe mat sengem Idol dem Valentino Rossi, huet hien eis em en zweete Gefale gefrot! Hie wollt fir sech a vu sech e puer flott Fotoen hunn. Do gëtt et natierlech keng besser Geleeënheet wei […]