Elian a Johan

Och kleng Wënsch sinn dawaert erfëllt ze ginn! Den Elian a säi Brudder de Johan hunn zesumme mat hirer Famill hir Heemecht Kolumbien misse verloossen an hunn de Statut vum Réfugié. Déi zwee Jongen hu schonn a jonke Joere gréisser Problemer mat hiren Aen an den Elian huet um Wee op Lëtzebuerg säi Brëll verluer. […]

Kiara

E Projet dee mir schonn iwwert Joeren ënnerstëtze, si Reittherapien fir Jugendlecher mat ganz ënnerscheedleche Geschichten. Bei esou enger Reittherapie léieren si, sou wéi hei um Beispill vum Kiara, mat de Päerd emzegoen, Verantwortung ze iwwerhuelen a sech em si ze këmmeren. Esou entsteet tëschend hinnen an de Päerd oft eng ganz déif Relatioun a […]

Pasquale

Nach ee mol live am Stadion dobäi sinn wann de Lieblingsveräin spillt, dat war dem Pasquale säi grousse Wonsch! Zesumme mat senger Famill hu mir hien op Mailand geschéckt an him d’Méiglechkeet ginn am Giuseppe-Meazza seng “I Nerazzuri” ze ënnerstëtzen. Seng Ekipp huet hien och net am Stach gelooss an hunn Atalanta Bergamo mat 4-0 […]

CDM Äispist

De CDM ass firun enger Zäitchen mat enger flotter Demande un eis eru getrueden. Si haten déi schéin Idee mat engem Grupp Kanner am Rollstull op d‘Kockelscheier Schlittschong fueren ze goen. Esou e geniale Wonsch kënne mir natirlech nëmmen ënnerstëtzen an hunn eis entscheed hinnen d‘Äispist fir e puer Stonnen iwwert eng gewëssen Zäitspaan ze […]

Clément

Esou wéi lescht Joer war de Spektakel „Les enfoirés” zu Bordeaux séier ausverkaf. Nodeems mir 2023 keng Chance haaten, ass et eis dëst Joer glécklecherweis gelongen Ticketen ze kréien. Endlech war et eis méiglech dem Clément säi Wonsch ze erfëllen an him eng ganz grouss Freed ze maachen.  Zesumme mat sengen Elteren huet hien sech […]

Thomas

Den Thomas huet 56 Joer an ass duerch en Accident am Rollstull. Rezent haat hien nach emol immens vill Pech an et koum nach en AVC dobäi. Zesumme mat senger Partnerin hu si eis kontaktéiert an em Ënnerstëtzung gefrot fir sech mat engem elektreschen Rollstull fir all Terrain (segway basis) ze equipéieren. Well eis bewosst […]

Altersheem

Kurz virun de Feierdeeg ware mir an 2 Altersheimer op Besuch an hunn 30 Pensionären, déi ganz seele Visite kréien, iwwerrascht. Et gouf eng kleng Feier fir si organiséiert an si hunn eis e bëssen iwwert hiren Alldag gezielt. Dobäi hu mir vun der Geleeënheet profitéiert jiddereen e bësse kennenzeléieren, hinnen nozelauschteren a vereenzelt Bewunner […]

Wantermaart

Elo kuerz virun de Feierdeeg wëlle mir Iech vun engem klenge Wonsch erzielen, dee mir an de leschten Deeg erfëllt hunn. Zesumme mat 5 Gruppe Réfugiéskanner si mir an d’Stad op de Wantermaart gaangen wou si e puer flott Momenter erliewe konnten. Op um Karussell, op der Äispist oder bei enger leckerer Portioun Fritten an […]

Chrëschtdag 23

Dës Zäit ass jo dofir bekannt, dass ee soll nach méi un déi Läit denke soll deenen et net esou gutt geet. Dëse Message hu mir eis natirlech un d’Häerz geholl an hunn eng ganz Famill glécklech gemaach! Mir hunn eng élengerzeiend Mamm, déi Kriebs huet an Chimio kritt, an hire Kanner fir Chrëschtdag e […]

Rigobert

Dem Rigobert hu mir an der Vergaangenheet schonn deen een oder anere Wonsch erfëllt. Duerch seng Ganzkierper Querschnittslähmung ass hien am Alldag net nemmen op eng mënschlech Betreiung ugewiesen mee hien brauch och bis elo e komplizéiert Aménagement fir mat sengem Computer ze schaffen. Als sougenannten Tetraplegiker ass een dach des öfteren och sozial isoléiert […]