Vintagetreff 2023

Nodeems et 2020 aus bekannte Grënn näischt ginn ass mat der 3. Editioun vum Wonschstär Vintagetreff war et dëse Weekend endlech esou wäit. De Samschdeg an de Sonndeg huet de Wonschstär op Remerschen an d’Caves du Sud vun der Vinsmoselle agelueden. Et war iwwer déi zwee Deeg e grousse Succès a vill Läit hunn entweder […]

Vintagetreff 2019

Och dës Joer duerfte mir zesumme mat de Vintagefrënn Munnerëf eng grouss Unzuel vun alen Autoen, Motorrieder, Trakteren a Busser zu Munnerëf begréissen.

Charity Dinner

Den 29. Mäerz huet d‘Associatioun BAVI (les bons amis du vendredi) hiren éischte karitativen Dinner am Schengener Haff organiséiert.

Wheelchair Rugby 18

Och des Joer hu sech Equippen aus Holland, aus der Belsch, Däitschland a Lëtzebuerg zu Contern getraff fir um Rollstullrugbytournoi deel ze huelen!

Kick it for Wonschstär 18

Och eis véiert Editioun vum Kick it for Wonschstär huet déi vill Fussballfrënn, déi de Wee bis op Bous fonnt hunn, net enttäuscht.

Vintagetreff 18

Zesumme mat de Vintagefrënn Munneref si mir houfreg an enorm dankbar, iech vun eisem éischte Vintagetreff ze erzielen. Sonndes de 24te Juni hu mir bei genialem Wieder knapps 100 Auto, Moto, Trakter a Busser zu Munneref begréisst.

Concert Herman van Veen

De Freideg 15. Dezember hu mir zesumme mat der Asbl De Leederwon e ganz besonnechen Event organiséiert. Duerch eis Kontakter haate mir déi grouss Chance den hollänesche Kabarettist Herman van Veen fir e Concert bei eis zu Lëtzebuerg kënnen ze begréissen. 

Wheelchair Rugby 17

Elo scho fir drëtte Kéier hu sech e ganze Koup Sportler am Rollstull aus verschiede Länner hei zu Lëtzebuerg getraff fir hier Pneue quitschen ze loossen.

Kick it for Wonschstär 17

Mir sinn och dëst Joer erëm frou Iech vun der drëtter Editioun vum Kick it for Wonschstär erzielen ze kënnen. Déi lescht zwee Joren hate mir Dammen- esou wei Hären-Ekippen, dëst Joer waren et leider nëmme 24 Härenekippen.

Konschtausstellung 17

D’Fondatioun Wonschstär huet de Weekend vum 7. an 8. Abrëll op seng éischt Konschtausstellung an den Hotel Légère op Mënsbech agelueden.