Korsika

De Summer ass bekanntlech Vakanzenzäit an déi schéinste Period fir ze reesen. Dovu wollten och e ganze Grupp Kanner aus dem Kannerhaus Jonglënster profitéieren a sech op d‘Rees an de Süde maachen.  Vill Destinatiounen um Mëttelmier waren an der Verlousung an no laangem Brainstorming hunn si sech, zesumme mat hire Betreien, déi wonnerschéi franséisch Insel […]

Lara a Morgane

No hire leschten Delfintherapië waren d‘Lara, d‘Morgane an hir Elteren esou begeeschtert, dass si ons gefrot hunn ob mir hinnen eng weider Kéier hëllefe kënnen. Mir hunn eis no de Gespréicher mat den Elteren entscheet dës Wënsch ze erfëllen an doropshin hunn si sech zesummen op de Wee an d‘Tierkei gemaach. Dës Kéier waren si […]

Zayon Gravity Chair

Den Zayon mat deem mir rezent e klengen Ausflug an d’Disneyland gemaach hunn, huet eis nach emol em Hëllef gefrot. Des Kéier wollt hien awer keen Ausfluch maache mee seng Mamm huet eis gezielt wéi schwéier dem Zayon seng alldeeglech Betreiung ass a wéi e Gravity chair hir Aarbecht erliichtere géif. An der Vergaangenheet hu […]

Maxence

Eemol e Concert vu senger Liblingssängerin live gesinn an se duerno kuerz treffen, dëst ass a bléift fir vill Läit e grousse Wonsch. Fir de Maxence ass dee Wonsch viru kuerzem an Erfëllung gaangen! Duerch d’Hëllef vum Här Jean Müller war et eis méiglech dem Maxence e Meet and Greet Ticket fir de Concert vum […]

Lyo Delfintherapie

Virun e puer Joer huet sech de Lyo nach gewënscht an de kalen Norden ze goen an elo huet hien eis gefrot fir him bei enger klenger Rees Richtung Süden ze hëllefen. Dës Rees war awer nët nëmmen en Ausflug an d’Sonn, mee wéi och schonn epuer aner Kanner, wollt hien emol un enger Delfintherapie […]

Zayon Disney

Den Zayon ass e klenge Bouf vu 5 Joer dee vill ze fréi op d’Welt komm ass. Dës fréi Gebuert huet leider dozou gefouert, dass hien eng schwéier kierperlech Lämung zréck behalen huet. Doduerch kann hien net goen an och net schwätzen, mee e versteet awer villes. Et gëtt eppes wat eng ganz enorm Begeeschterung […]

Gamma

E weidere ganz interessante Wonsch hu mir vun de Scoute vu Gamma Lëtzebuerg era kritt. Hei handelt et sech net em gewéinlech Scoute, mee em e besonnesche Grupp. Bei Gamma Lëtzebuerg sinn nämlech nëmmen Scoute mat enger geeschteger oder kierperlecher Beeinträchtegung aktiv. D’Zil vu Gamma Lëtzebuerg ass et dës Mënsch duerch de Scoutismus aus hirem […]

Kiara

E Projet dee mir schonn iwwert Joeren ënnerstëtze, si Reittherapien fir Jugendlecher mat ganz ënnerscheedleche Geschichten. Bei esou enger Reittherapie léieren si, sou wéi hei um Beispill vum Kiara, mat de Päerd emzegoen, Verantwortung ze iwwerhuelen a sech em si ze këmmeren. Esou entsteet tëschend hinnen an de Päerd oft eng ganz déif Relatioun a […]

Bronka

D’Bronka ass e klengt Meedche bei deem virun enger Zeitchen eng Form vun Autismus diagnostizéiert gouf. Nodeems seng Elteren vill verschidden Aktivitéite a Sportarte ausprobéiert hunn, awer d’Bronka sech néirens sou richteg wuelgefillt huet an ukomm ass, hu si et mol beim Leederwon probéiert. Do ass et och wou mir d’Bronka kenne geléiert hunn a […]

Elian a Johan

Och kleng Wënsch sinn dawaert erfëllt ze ginn! Den Elian a säi Brudder de Johan hunn zesumme mat hirer Famill hir Heemecht Kolumbien misse verloossen an hunn de Statut vum Réfugié. Déi zwee Jongen hu schonn a jonke Joere gréisser Problemer mat hiren Aen an den Elian huet um Wee op Lëtzebuerg säi Brëll verluer. […]