Wheelchairrugby 24

Firun gutt zwou Wochen ass et zu Contern an der Sportshal héich hir gaangen, de Rollstullrugby Tournoi stung erem um Programm. Iwwert de ganze Weekend ware 6 Ekippen voller engagéierte Sportler um Start. Oft si Rollstull aneneen geknuppt an heiansdo ass deen een oder aneren dobäi mat sengem Rollstull emgekippt, mee trotzdem ass weider gekämpft […]

Romain

De Romain huet eng grouss Leidenschaft a sengem Liewen wei en eis erzielt huet. Trotz senger Behennerung geet hien immens gäre mat senger Madame op Wanderung. Bis elo waren duerch säin Handicap emmer nëmmen kleng Tier op hirer Agenda. Aanescht wéi seng Fra haat hien nach keng Assistenz. Dëst huet secher awer elo duerch eis […]

Vélos Evasion

D’Association Vélos Evasion vu Baschtnech huet sech mat eis a Kontakt gesat fir eis vun hirem Projet ze erzielen an eis em Ennerstëtzung ze froen. Als Velosfrënn hu si sech zesumme gesat mam Zil géint dat sozialt Isolement vu Läit mat Behënnerung ze kämpfen. Dobäi si si op déi flott Idee komm, reegelméisseg Vëlostier ze […]

Pasquale

Nach ee mol live am Stadion dobäi sinn wann de Lieblingsveräin spillt, dat war dem Pasquale säi grousse Wonsch! Zesumme mat senger Famill hu mir hien op Mailand geschéckt an him d’Méiglechkeet ginn am Giuseppe-Meazza seng “I Nerazzuri” ze ënnerstëtzen. Seng Ekipp huet hien och net am Stach gelooss an hunn Atalanta Bergamo mat 4-0 […]

Thomas

Den Thomas huet 56 Joer an ass duerch en Accident am Rollstull. Rezent haat hien nach emol immens vill Pech an et koum nach en AVC dobäi. Zesumme mat senger Partnerin hu si eis kontaktéiert an em Ënnerstëtzung gefrot fir sech mat engem elektreschen Rollstull fir all Terrain (segway basis) ze equipéieren. Well eis bewosst […]

Altersheem

Kurz virun de Feierdeeg ware mir an 2 Altersheimer op Besuch an hunn 30 Pensionären, déi ganz seele Visite kréien, iwwerrascht. Et gouf eng kleng Feier fir si organiséiert an si hunn eis e bëssen iwwert hiren Alldag gezielt. Dobäi hu mir vun der Geleeënheet profitéiert jiddereen e bësse kennenzeléieren, hinnen nozelauschteren a vereenzelt Bewunner […]

Rigobert

Dem Rigobert hu mir an der Vergaangenheet schonn deen een oder anere Wonsch erfëllt. Duerch seng Ganzkierper Querschnittslähmung ass hien am Alldag net nemmen op eng mënschlech Betreiung ugewiesen mee hien brauch och bis elo e komplizéiert Aménagement fir mat sengem Computer ze schaffen. Als sougenannten Tetraplegiker ass een dach des öfteren och sozial isoléiert […]

Carlos

De Wonschstär mëscht och vill fir de Sport am Rollstull ze förderen, well och an där Situatioun ass et wichteg weider aktiv ze bleiwen. De Carlos, dee mir schonn an der Vergangenheet ënnerstëtzt hunn, huet eis kontaktéiert fir him dobäi ze hëllefen säin neien Handbike ze finanzéieren. Mat sengem Enthusiasmus a sengen exzellente Resultater (2. […]

Eric

Den Eric ass leidenschaftleche Hobby Photograf an deemno emmer op der Sich no engem flotte Motiv fir viru seng Lëns. Trotz senger schwéierer rarer degenerativer Krankheet léisst hien sech net kleng kréien a liewt fir seng Passioun.  Et gouf eppes wat hien sech scho ganz laang wënscht, emol d’Brunftzeit vun den Hirschen materliewen an e puer Fotoen […]

Hazem

Den Hazem ass ee jonken afghaneschen Flüchtling deen 2021 mat sengem Papp an leschter Minut aus Kabul eraus komm ass. Säi Papp war Laborant an huet fir MSF Frankreich an och fir déi franzeisch Ambassade geschafft. Den Hazem huet op der Uni zu Kabul Agronomie studéiert. Eemol zu Lëtzebuerg ukomm huet hien sech direkt hei um INL ageschriwen […]