10 Joer Wonschstär

Ee klenge Réckbléck

Mir freeën eis Iech  ee Joerzéngt Fondatioun Wonschstär méi no ze bréngen.

Wéi dir Iech sécherlech virstelle kënnt, mécht een sech schonn am Virfeld eng Zäitche ganz vill Gedanken éier een esou e Projet lancéiert. Nodeems et dunn 2014 mam Wonschstär offiziell lass gaangen ass, konnte mir eis wierklech net virstelle wéi déi ganz Iddien sech an Zukunft entwéckele géifen an ob et iwwerhaapt beim Public ukomme géif.

Wann mir haut zréckblécke, kënne mir mat Iwwerzeegung behaapten, dass et op alle Fall déi richteg Entscheedung war, dëse flotte Projet unzegoen.

Och wa mir natierlech déi éischt puer Joer eis Zäit gebraucht hu bis eis Ekipp sech rageschafft hat an de Wonschstär un d‘Rulle komm ass, ware mir relativ séier bei de Leit dobaussen e Begrëff an eis sozial Missioun ass ganz gutt ukomm. Dës Akzeptanz an entstanen Ënnerstëtzung huet eis alldeeglech eng grouss Motivatioun ginn an eis Aarbecht e gutt Stéck méi einfach gemaach.

Dës Motivatioun gouf op alle Fall nach emol weider verstäerkt mat all deene schéine Projeten déi mir realiséiert hunn. Ëmmer op en neits kënnen ze gesinn, wéi een e Mënsch ka mat engem erfëllte Wonsch glécklech maachen, gëtt engem och perséinlech immens vill zréck.

Emol méi einfach an emol méi komplizéiert Demande hunn de Wee bis bei eis fonnt an alleguer waren se op hir Aart a Weis fir eis Ekipp eng Erausfuerderung.

Wéi seet een sou schéin? „Mat Erausfuerderungen do wiisst een.“

Genau esou war dat och beim Wonschstär! Mat all eenzele Wonsch, all Don an all Benevolat duerfte mir der Gesellschaft ganz nei Perspektiven ubidden an de Betraffenen erëm Kraaft schenken, déi vläit verluere gaangen ass. Hinne mam Wonschstär a mat engem Liichtbléck an der Däischtert Hoffnung ginn an de Wee weisen.

Awer net nëmmen am Wënsch erfëllen ass eis ganz Ekipp net ze schloen! Och am Organiséiere vu verschidden Eventer ware mir zanter eiser Grënnung richteg aktiv a sinn houfreg dass mir, nieft den Don’e vun dobaussen, op eng alternativ finanziell Ënnerstëtzung ziele konnten.

Elo wënsche mir Iech vill Spaass a virun allem vill Freed op den nächste Säiten.

Statistiken

De Wonschstär an Zuelen

E Joerzéngt Wënsch erfëllen! Dat ass net nëmmen eng flott Erfarung a mécht enorm vill Spaass a Freed, mee ass och verbonne mat ganz villen Stonnen an Aarbecht.

Op deene wäitaus meeschte Säite vun dëser Brochure versiche mir Iech déi emotional Aspekter vum Wonschstär ze weisen, an hei wëlle mir Iech e bëssen hannert d’Kulisse mathuelen an Iech erkläre wat dohannert stécht.

Wéi vill Projeten huet de Wonschstär bis elo realiséiert? Weem gouf e Wonsch erfëllt? Wat heescht et virun allem finanziell fir de Wonschstär senger Missioun nozegoen?

Dat sinn e puer vun de wichtege Froen, déi mir Iech hei wäerte probéieren ze beäntweren.

10

Joer

±650

Erfëllte Wënsch

1.723.026 €

Ausgaben fir Projeten

2014-2024

Zäitspan

10 Joer voller schéi Momenter, glécklech Gesiichter an onvergiesslech Erënnerungen

Ausgaben

Evolutioun Onkäschten

Natierlech sinn och bei eis d’Käschte säit eisem éischte Joer e gutt Stéck méi héich. Dëst huet awer virun allem domat ze dinn, dass mir méi bekannt gi sinn, an doropshi méi Wënsch konnten erfëllen.

Mir versichen dobäi natierlech all eis alldeeglech Käschten sou geréng wéi méiglech ze halen, a wéi dir kënnt gesinn representéieren eis Projete mat 89% de gréissten Deel vun eisen Ausgaben.

Eis administrativ Ausgaben wäerten an den nächste Joren awer e Stéck  wuessen. Nodeems mir 10 Joer laang gratis e Bureau zur Verfügung gestallt kruten, hu mir viru kuerzem missen ufänken e Bureau ze lounen.

E ganz grousse Merci geet hei och un d’Madame Annette De March (Member vum Verwaltungsrot), déi jorelaang e Salaire iwwerholl huet.

Wënsch

Emol méi genau gekuckt

Fir Iech e besseren Iwwerbléck ze gi weem mir Wënsch erfëllen a wéi sech dat finanziell opdeelt hu mir zwou Kategorië gemaach.

Dës Kategorië sinn op där enger Säit all d’Wënsch fir Kanner (Persounen ënner 18 Joer) an all d’Wënsch fir Erwuessener (Ab 18 Joer).

Wéi een an eisen Zuelen erausliese ka geet dee gréissere finanziellen Undeel an de leschten 10 Joer u Projete fir Erwuessener. Dëst läit awer net onbedéngt un der Unzuel mee virun allem un der Komplexitéit an dem finanziellen Opwand vu vereenzelte Wënsch.

Hei denke mir virun allem un zwee konkret Beispiller, eisen innovative Projet “Exoskelett” an déi vereenzelt Autoen déi mir gehollef hunn ze finanzéieren.